Kuerz virun der éischter Publikatioun vum Reader's Digest, haut virun 100 Joer, hat d'Koppel Lila Acheson Wallace an DeWitt Wallace zu Pleasantville bei New York d'Firma The Reader's Digest Association, Inc. gegrënnt. 13 Joer no der éischter Editioun war den Tirage eng éischte Kéier iwwer eng Millioun Exemplaren. Déi éischt Editioun baussent den USA koum 1938 a Groussbritannien eraus. 2010 gouf et de Reader's Digest a 50 verschiddenen Editiounen an 20 Sproochen mat engem Tirage vu 16 Milliounen Exemplaren a ronn 70 Milliounen Lieser. Laang war d'Zäitschrëft dofir bekannt, ee kloer definéiert Weltbild ze vertrieden: politesch konservativ, pro-amerikanesch, anti-kommunistesch, optimistesch a chrëschtlech orientéiert.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 100 Joer: Éischt Editioun vum Reader's Digest
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.