Aktuelles
Gasliwwerungen Enovos
De Gas, deen Enovos senge Clientë liwwert, koum am Januar nëmmen zu ronn engem Véierel aus Russland, esou am Kontext vun der Ukrain-Kris de Generaldirekter vun Enovos Lëtzebuerg. D'Hallschent vum Gas koum aus Norwegen an Holland a knapp ee Véierel gouf duerch Flësseggas gedeckt, deen zum groussen Deel aus den USA koum, huet den Erik von Scholz am 100,7-Interview erkläert.
E Grond zur Suerg géif et an der Haaptsaach nëmme wéinst méigleche weidere méi héije Präisser ginn. D'Versuerungssécherheet mat Gas fir déi privat Clientë wier séchergestallt, berouegt den Erik von Scholz. De Serge Kesseler huet mam CEO vun Enovos Lëtzebuerg geschwat.