arrow_back_ios
Commentaire
Primaire Populaire: lescht Hoffnung op Unifikatioun vun der Gauche?
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Zanter e puer Deeg huet déi franséisch Gauche fir d'Presidentewale vun Abrëll eng weider Kandidatin: Déi fréier Justizministerin Christiane Taubira wëllt untrieden, ënner der selwer operluechter Konditioun, datt si an zwou Wochen d'Primaire Populaire vun der Gauche gewënnt. E Scrutin, mat deem d'Elektorat vun der Gauche hire Kandidat fir d'Presidentiellen designéiere kann. Ob dëst Tentative um Enn d'Gauche vereenege wäert, bezweifelt eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn.