Owesconcert
Diana Damrau beim OPL
Mat Musek aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert huet de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg d'Saison 2021/2022 lancéiert. De Chefdirigent Gustavo Gimeno kënnt zeréck bei e Komponist, deen hien an deene leschte Jore reegelméisseg programméiert huet - am Concert an op Disk: den Igor Strawinsky. Am Live-Matschnëtt vun der Ouverture vun der Saison dirigéiert de Gustavo Gimeno d'Suite aus dem Ballet "Der Feuervogel".
Solistin an dësem éischte Concert vun der Saison ass déi däitsch Sopranistin Diana Damrau, déi 1995 hiren Debut als "My Fair Lady" hat, an déi antëschent als eminent Mozart- a Strauss-Interpretin gefeiert gëtt. D'Diana Damrau interpretéiert eng Serie Lieder vum Richard Strauss.
Anton Webern: Langsamer Satz
Richard Strauss: "Das Rosenband" op.36/1
Richard Strauss: "Ständchen" op.17/2
Richard Strauss: "Freundliche Vision" op.48/1
Richard Strauss: "Wiegenlied" op.41/1
Richard Strauss: "Allerseelen" op.10/8
Richard Strauss: "Zueignung" op.10/1
Igor Strawinsky: "Der Feuervogel"
Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg
Diana Damrau, Sopran
Gustavo Gimeno, Direktioun