arrow_back_ios
Commentaire
D'Corona-Politik gëtt a Frankräich zum neie Waltheema
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
A Frankräich ruffen d'Schoulgewerkschafte muer zum Streik op. Grond wier d'Degradatioun vun den Aarbechtsbedéngungen zanter der Pandemie, esou d'Haaptgewerkschaft vun de Primärschoule SNUipp-FSU. Dem Syndicat no wäerte muer dräi-véierel vun den Enseignantë streiken, d'Hallschent vun de Primärschoule maachen zou. Zanter dem Emmanuel Macron sengem Zitat, hie wéilt déi Non-Vaccinéiert emmerdéieren, réckelt d'Corona-Politik an den Zentrum vun de Presidentschaftswalen, mengt eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn.