Europa Aktuell
Éisträich wëllt géint EU-Taxonomie kloen
4 min
Éisträich gehéiert zesumme mat Lëtzebuerg zu den Haaptkritiker vun der neier EU-Taxonomie fir klimafrëndlech Energien. Et stéisst ee sech drun, datt heiran och Atomenergie a Gas als "gréng" agestuuft ginn. Wéi déi éisträichesch Ëmweltministerin Leonore Gewessler annoncéiert huet, wëllt ee sech zu Wien noutfalls och juristesch géint d'Taxonomie wieren. D'Lëtzebuerger Regierung huet fir dee Fall ugekënnegt, sech där Klo unzeschléissen. Op esou ee Schratt Erfolleg hätt, ass awer onkloer. Vu Wien, de Stephan Polet