arrow_back_ios
Aktuelles
Laboratoiren um Maximum vun hirer Testcapacitéit
D'Testzentere kommen der héijer Demande fir PCR-Tester aktuell schwéier no. De Problem wier de Manktem u Personal, heescht et. Aktuell kënnen nëmmen Infirmieren dës Tester duerchféieren. D'Laboratoirë sinn am Gespréich mat der Santés-Direktioun fir ze kucken, datt an Zukunft och aner medezinesch Profiller Prelevementer kënne maachen. Ee Bäitrag vum Isabel Scott