Wanterlech Kläng aus verschiddene Kulturkreesser a Regioune vun der Welt, dat proposéieren d'Chouerschoul vum Conservatoire de Musique du Nord e Sonndeg (9.1.2022) an der Dekanatskierch zu Dikrech. Déi verschidde Stécker, déi d'Chéier vum Conservatoire ënner der Direktioun vum Matthias Rajczyk sangen, gi mat musikaleschen Interventioune vum Organist Maurice Clement verbonnen.
De Luc Boentges huet mam Matthias Rajczyk iwwer dëse Concert geschwat.