Klassik aktuell
Rosamunde vum Schubert
A "Rosamunde" geet ëm eng jonk Prinzessin, déi duerch Intrige Schwieregkeeten huet op den Troun ze kommen. Zum Schauspill vun der Helmina von Chézy huet de Franz Schubert eng Partie Mouvementer geschriwwen, Melodië mat engem immense Charme an e Räichtum u musikalesch Iddien. Allerdéngs sollt d'Première den 20. Dezember 1820 am Theater an der Wien en eendeitege Flopp ginn. Dacks hat de Schubert mat Operen a Musek zu Schauspiller kee Succès.
De Manuel Ribeiro huet sech fir d'Musek zu "Rosamunde" interesséiert.