arrow_back_ios
Aktuelles
Nord Stream 2: Drock op Scholz wiisst
Bei sengem éischten EU-Sommet als däitsche Bundeskanzler huet sech den Olaf Scholz mat den europäesche Partner ënner anerem iwwer de Konflikt mat Russland beroden. Grad hei spillt Däitschland eng wichteg Roll wéinst der ëmstriddener Gaspipeline Nord Stream 2. Den Olaf Scholz wëllt de Projet net ze vill politiséieren, mee den Drock gëtt ëmmer méi grouss - och vu senge Regierungspartner. Dozou eise Berlin-Korrespondent, de Max Tholl