D'Besetzung Klarinett mat engem Sträichquartett ass eng vun deene beléiftste Klangkombinatiounen an der Kammermusek an trotzdeem net esou dacks ze héieren. De Sonndeg Mëtteg um 4 Auer spillt de fréiere Solo-Klarinettist vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, den Olivier Dartevelle, zesumme mat senge fréiere Beruffskolleegen, dem Quatuor Henri Pensis (Museker aus dem OPL) e Concert an der Kathedral. Um Programm steet e Meilesteen aus der Klarinetteliteratur, de "Klarinettequintett" vum Mozart, wéi nach Wierker vum Dartevelle selwer an dem Karl Stamitz.
De Manuel Ribeiro huet mam Olivier Dartevelle geschwat.