Aktuelles
D'Live-Musek an der véierter Well
De Secteur ronderëm d'Live-Musek huet nach ëmmer schwéier mat der Covid-19 Pandemie ze kämpfen. Den internationale Kontext ass hei besonnesch wichteg: Leit musse reesen, touren a gesi sech mat verschiddene Situatiounen a Reegelen a verschiddene Länner konfrontéiert. Wat fir een Ausbléck erlaabt dës Situatioun?
Déi Lëtzebuerger Regierung huet déi lescht Woch eng Partie Ännerunge bei de sanitäre Reegelen ugekënnegt, déi och Repercussiounen op de Concerts- a Kulturbetriib wäerten hunn. An eiser Emissioun Riicht eraus hunn eis Invitéë Vicky Zeimetz (Booker, Atelier), Luka Heindrichs (Partner, De Gudde Wëllen), René Penning (Direkter, Kulturfabrik), Jerôme Reuter (Kënschtler, Rome) hir Vue op d'Situatioun um Mikro vum Marc Clement gedeelt.