arrow_back_ios
Aktuelles
Däitsch Aussepolitik: interne Muechtkampf?
Een Dag no hirer Vereedegung als däitsch Ausseministerin war d'Annalena Baerbock gëschter op Visitt zu Paräis an zu Bréissel. Haut dann ass och den Olaf Scholz hei op Besuch fir mat de Partner ze diskutéieren. Dobäi ass sech déi nei Regierung selwer nach net esou ganz eens, wou et aussepolitesch soll higoen a wien hei d'Entscheedungen trëfft.