arrow_back_ios
Aktuelles
Éischte Walkampf-Optrëtt vum Éric Zemmour an der Paräisser Banlieue
An der Paräisser Banlieue hat den Éric Zemmour gëschter säin éischten Meeting als autoproclaméierte Presidentschaftskandidat. Ronn 10.000 Leit koumen de riets-extremen Essayist lauschteren. Wärend senger Ried goufe lénk Aktivisten ugegraff a Journaliste menacéiert. Den Éric Zemmour huet sech zu dëse Virfäll nach net geäussert. Se kéinten hëllefe säi rietsradikalen Image, deen hie sech gëtt, ze festegen. Eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn war um Meeting dobäi.