arrow_back_ios
Aktuelles
Nach wéineg Detailer zu der geplangter Impfflicht an Éisträich
Éisträich well am Februar als éischt Land an Europa eng Impfflicht aféieren. Schonns déi nächst Woch well d'Regierung zu Wien en entspriechende Gesetzesprojet virleeën. Aus deem Grond huet si en Dënschden Oppositiounsvertrieder sou wéi medezinesch a juristesch Experten op ee Sommet geruff. Mee och no dësem Treffen sinn déi meescht Froen ronderëm d'Ëmsetzung vun der Impfflicht opbliwwen.