Europa Aktuell
/ Brasilien: Rekord am Ofholze vu Reebësch trotz Verspriechen op der Klimakonferenz
Brasilien: Rekord am Ofholze vu Reebësch trotz Verspriechen op der Klimakonferenz
7 min
Zu Glasgow op der Weltklimakonferenz hat Brasilien zesumme mat 100 anere Länner versprach, bis 2030 d'Ofholze vu Bëscher ze stoppen. Trotzdeem gouf zejoert ee Rekord opgestallt. 2020 goufen a Brasilien 22 Prozent méi Reebësch ofgeholzt wéi dat Joer virdrun.
Dat confirméiert d'Bedenken, déi et an der EU den Ament gëtt, een Handelsaccord ënner anerem mat Brasilien ofzeschléissen. An deen Accord misste Klimaschutz-Mesure méi verbindlech ageschriwwe ginn, fuerderen Kritiker.