Aktuelles
De Retour vun der Atomenergie a Frankräich
4 min
Zu La Hague an der Normandie gëtt haut iwwer eng nei Piscine nucléaire debattéiert, fir méi Atomoffäll lageren ze kënnen. Dem Stroumfournisseur EDF no wier déi al Piscine nucléaire geschwë voll. Obwuel d'Wëssenschaft ëmmer nach keng nohalteg Léisung zur Entsuergung vu radioaktiven Offäll fënnt, plangt de President Emmanuel Macron de Bau vun neien Atomreakteren.
Virun de Presidentschaftswalen am Abrëll 2022 gëtt d'Energiepolitik zu engem Politikum, esou eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn.