arrow_back_ios
Commentaire
Lockdown fir Ongeimpfter mat Fragezeichen
Vun haut u gëllt an Éisträich e Lockdown fir net-geimpfte Leit. D'Regierung zu Wien reagéiert domat op eng staark Hausse vun den Infektiounen an Hospitalisatiounen. Leit, déi sech kéinten impfe loossen, dëst awer net maachen, dierfen vun haut un nëmme nach virun d'Dier fir akafen, spadséieren, oder bei en Dokter ze goen.
Déi aktuell Situatioun an Éisträich mécht nei Mesuren onëmgänglech, allerdéngs stelle sech ronderëm de Lockdown fir Ongeimpfter awer vill Froen, fënnt eise Korrespondent Stephan Polet.