Aktuelles
Aide alimentaire fir Sans-papiers
D'Pandemie huet sozial prekär Leit nach méi an d'Prekaritéit gedréckt. Dës Ausso ass mëttlerweil zu engem Credo vum Covid-Diskurs ginn. Se trefft awer mat besonnescher Häert op Leit ouni Openthaltsgeneemegung zou. Och a Pandemie-Zäite kënne si op keng staatlech Hëllefen zeréckgräifen: kee Chomage partiel, keen Accès zu Masken, keng Impfung an och mol keen Accès zu den Epiceries sociales. Déi sinn nëmme fir Leit, déi bei der Gemeng registréiert sinn. D'Asti huet dowéinst d'lescht Joer d'Aide alimentaire op d'Bee gestallt. Doduerch konnte bis dato méi wéi 530 Leit gehollef kréien. E Reportage vum Isabel Scott