D'Europäesch Kommissioun schafft den Ament un esou engem Klassement am Kader vun der sougenannter Taxonomie. Virun allem Frankräich mécht Drock, datt och d'Atomkraaft op déi Lëscht vun de gréngen Energie-Quelle kënnt, aner Länner fannen, Gas hätt et och verdéngt, als gréng agestuuft ze ginn.
Dat suergt den Ament fir vill Diskussiounen - déi och zu Glasgow um Bord vun der Weltklimakonferenz geféiert ginn. Et ass den Ament onkloer, wéi dat ausgeet - an och an der Lëtzebuerger Regierung schéngt ee sech net honnertprozenteg eens ze sinn.
D'Danièle Weber mat Detailer