Aktuelles
Lëtzebuerger Aktivisten op der Welt-Klimakonferenz
Haut fänkt déi zweet Woch vun der Welt-Klimakonferenz zu Glasgow, a Schottland, un. Et geet drëms d'Reegelen opzestellen a genuch Finanzéierung vu räiche Länner ze kréien, fir d'Äerderwiermung op 1,5 Grad ze limitéieren. Bannen an de Foires-Halen gëtt negociéiert, bausse gëtt protestéiert. Dausenden Aktivisten hunn de Wee op Glasgow fonnt, dorënner och jonk Lëtzebuerger, déi net nëmmen zesummen op d'Strooss ginn, mee och zesumme liewen. De Philip Crowther, eise Korrespondent op der Plaz, huet si besicht.