arrow_back_ios
Europa Aktuell
Esou probéiert een deen aneren op der COP26 ze beaflossen
D'Welt-Klimakonferenz zu Glasgow ass elo voll amgaang. Nom Depart vun de Staats- a Regierungscheffe fänken d'Negociatieuren aus der ganzer Welt esou richteg mat hirer Aarbecht un. D'Experten op der Plaz probéieren d'Negociateuren ze beaflossen, d'Aktiviste probéieren hir Presenz spierbar ze maachen, an d'Politiker, déi treffen sech haaptsächlech ënner sech.
Trotzdeem probéiert een deen aneren op esou enger Klimakonferenz ze beaflossen. Eise Korrespondent Philip Crowther ass op der Plaz a beliicht déi verschidden Aflosssphären.