Klassik aktuell
Den Dirigent Bernard Haitink ass dout
De 6. September 2019 huet de Bernrad Haitink beim Lucerne Festival säi leschte Concert dirigéiert an der internationaler Musekszeen Äddi gesot. 65 Joer laang ass den hollännesche Maestro uechter d'ganz Welt gereest. Zum Schluss huet hien dem Anton Bruckner seng 7.Symphonie dirigéiert. Bruckner a Mahler - dat waren déi zwee Komponisten, deenen hir Musek dem Haitink ganz besonnesch um Häerz louch. Eng ganz enk Relatioun hat de Bernard Haitink och mam Concertgebouw Orchester vun Amsterdam, wou hie 27 Joer laang Chefdirigent war.