Klassik aktuell
Idées lumineuses
Fir déi nei Saison vum Orchestre de Chambre du Luxembourg huet sech d'Chefdirigentin Corinna Niemeyer Theeme fir d'Concerten ausgeduecht. Deen éischte Concert, en nächste Sonndeg, 24. Oktober 2021 um 17:00 an der Philharmonie ass mat "Idées lumineuses" iwwerschriwwen. Hanner dësem Titel verstoppe sech Wierker vun der Anna Amalia von Sachsen Weimar, vum Joseph Haydn an Wolfgang Amadeus Mozart. Solist ass den Cellist Aurélien Pascal. D'Dirigentin Corinna Niemeyer ass beim Manuel Ribeiro live am Studio.