arrow_back_ios
Commentaire
Verfassung: "Referendum wéineg sënnvoll"
D'Chamber stëmmt haut iwwer eng éischt Serie vun Ännerungen an der Verfassung of. Déi nei Textpassagë gesi vir, d'Onofhängegkeet vun der Justiz ze stäerken. Zwee Drëttel vun den Deputéiert mussen d'Ännerunge guttheeschen, och an engem spéideren zweete Vott. Wéi ëmmer nees an de leschte Jore gëtt d'Fro diskutéiert, ob een den zweete Vott net sollt duerch e Referendum ersetzen. Mee dat ass keng gutt Iddi, an et wier och net koherent, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.