arrow_back_ios
Europa Aktuell
Diskussiounen iwwert CO2-Ausgläichssteier
Europäesch Entreprisen fäerten, datt si um internationale Marché ënnert de geplangte EU-Klimaschutz-Mesuren leiden. Wéinst deene méi strengen Reegelen an der EU kéinten Entreprisen aus dem Ausland ee Virdeel hunn a méi bëlleg produzéieren, sou d'Argument.
Fir dat ze verhënneren, soll zesumme mat de Klimaschutzmesuren eng Zort CO2-Steier op Importer agefouert ginn.
D'Europäesch hat am Summer en Mechanismus fir esou eng Ausgläichssteier proposéiert. Déi Propose allerdéngs suergt fir Diskussioun bannen a baussent der EU.