arrow_back_ios
Aktuelles
Onklorheeten bleiwen nom Enn vun der Regierungskrise an Éisträich
"D'Regierungskrise ass eriwwer." Mat dëse Wierder huet den éisträichesche Bundespresident Alexander Van der Bellen gëschter annoncéiert, datt hien haut mam Alexander Schallenberg ee neie Bundeskanzler vereedege wäert.
E Samschden war de Sebastian Kurz als Kanzler zeréckgetrueden. Dat e puer Deeg nodeems bekannt gouf, datt géingt hien a Leit a sengem Ëmfeld wéinst Korruptioun a Verontreiung ermëttelt gëtt. Trotzdeem bleiwen awer nach vill oppe Froen, wat déi politesch Zukunft an Éisträich ugeet.