arrow_back_ios
Aktuelles
OCDE-Reunioun am Zeeche vum Klimawandel
Mat dräi Ministere war d'Lëtzebuerger Regierung déi lescht Deeg op der OCDE-Reunioun zu Paräis vertrueden: Dobäi waren de Finanzminister Pierre Gramegna, de Wirtschaftsminister Franz Fayot a den Ausseminister Jean Asselborn. Am Mëttelpunkt vun de Gespréicher vu Regierungsmembere vun 38 Industrienatioune stoung dës Kéier ënnert anerem de Klimawandel - ënnert anerem well dee Sujet fir déi nei US-Regierung méi wichteg ginn ass. Eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn war op der Plaz.