arrow_back_ios
Aktuelles
Belsch: eng Woch Budgetsverhandlungen hanner zouenen Dieren
Zanter dësem Samschdeg ass di Belsch Regierung um 16 rue de la loi, dem Bureau vum Premierminister zu Bréissel zesummen, fir iwwer de federale Budget fir d'nächst Joer ze verhandelen. 3 Milliarden Euro musse fonnt ginn. Dat ganzt an engem gespaante Klima tëschent de 7 Parteipresidente vun der Majoritéit, déi scho säit Wochen hir Fuerderungen an Tabuen an der Press matdeelen.