arrow_back_ios
Aktuelles
50 Joer Médecins sans frontières
En halleft Joerhonnert ass Médecins sans Frontières am humanitären Asaz a Krisen- a Krichsgebidder ronderëm d'Welt. Zënter 1980 ass d'ONG am Afghanistan. Och nodeems d'Taliban d'Muecht iwwerholl hunn, schaffen den Ament do eng 60 international an iwwert 2.300 lokal Mataarbechter fir MSF. An d'Bevëlkerung bräicht elo nach méi Hëllef ewéi virdrun, seet Claire Ha-Duong. Si koordinéiert vu Paräis aus d'Aktiounen am Land. D'Vesna Andonovic huet mat hir geschwat.