arrow_back_ios
Europa Aktuell
EU muss de Klimaimpakt vum maritimme Secteur op de Leescht huelen
De maritimmen Transport spillt eng grouss Roll an der Wirtschaft vun der Europäescher Unioun: bal 80 Prozent vum externe Wuerentransport geschitt iwwer d'Mier. D'Schëfffaart verursaacht bal 15 Prozent vun EU Transport CO2 Emissiounen. D'Emissiounen an der Schëfffaart mussen drastesch reduzéiert ginn, wann d'EU wëlles huet bis 2050 Klima-neutral ze ginn. Dat huet d'EMSA - European Maritime Safety Agency ufanks September an engem Rapport ënnerstrach. Lëtzebuerg ass duerch säi maritimme Regëster och direkt concernéiert. Detailer vum Isabel Scott