Op der Rees - dat suggeréieren d'Photoen am Programmheft vu Kammerata Lëtzebuerg. Den Ensembel ass vill ënnerwee an där neier Saison - musikalesch an och geographesch - Musikalesch geet et vu Romantik a Klassiker aus dem 20. Joerhonnert bis bei Lëtzebuerger Kreatiounen, geographesch reese mer vu Veinen iwwer Iechternach op Stolzebuerg.
arrow_back_ios