Aktuelles
"Dicke Bretter bohren in Berlin"
Zwou Stëmmen hunn d'Wieler e Sonndeg bei Walen an Däitschland: Mat där enger stäerke si eng bestëmmt Partei, mat där anerer wiele si en Direktkandidat an hirem Wahlkrees. Do schéckt all Partei ee Kandidat an d'Course: deen, deen déi meeschte Stëmme kritt, zitt direkt an de Bundestag - als Vertrieder vu senger Regioun. D'Regioun Tréier gëtt zënter 16 Joer vun engem CDU-Vertrieder zu Berlin vertrueden. D'SPD an déi Gréng hoffen, dass dat sech des Kéier ännert. D'Christina Heidt huet fir eis mat de Direktkandidate vun deenen dräi Parteie geschwat - haaptsächlech iwwer den Haaptproblem an der Grenzregioun: d'Mobilitéit.