arrow_back_ios
Aktuelles
Manner wéi 65 % vun de Bréisseler géint Covid-19 geimpft
Quasi 85 Prozent vun der belscher Bevëlkerung iwwer 18 Joer si komplett géint de Covid-19 geimpft. Allerdéngs ginn et Ënnerscheeder tëschent de Regiounen: A Flandere sinn et iwwer 90 Prozent, an der Wallonie zirka 80 Prozent, mee zu Bréissel nëmme knapps 65 Prozent. Duerfir gëtt an der belscher Haaptstad elo iwwer e sougenannte Covid Safe Ticket nogeduecht, deen den Accès op verschidden Evenementer fir geimpfte Persoune soll erlaben. Detailer mat eisem Korrespondent an der Belsch, de Georges Kohnen.