Am Kampf géint d'Pandemie huet d'EU villes richteg gemaach. Dat sot d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen gëschter an hirer Ried zur Lag vun der Unioun - enger Zort State of the Union-Ried, wou traditionell déi grouss Linne vun der EU-Politik presentéiert ginn.
Zanter 20 Méint ass si elo Cheffin vun der Kommissioun - an de Bilan vun den Europadeputéierten op hir Ried awer och op hir Politik an de leschten bal zwee Joer ass net nëmme positiv ausgefall. Vu Stroossbuerg d'Danièle Weber.