Klassik Live
Mat Strauss a Strawinsky an déi nei Saison
Mat Musek aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert lancéiert de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg d'Saison 2021/2022. De Chefdirigent Gustavo Gimeno kënnt zeréck bei e Komponist, deen hien an deene leschte Jore reegelméisseg programméiert - am Concert an op Disk: den Igor Strawinsky. Fir d'Ouverture vun der Saison dirigéiert de Gustavo Gimeno d'Suite aus dem Ballet "Der Feuervogel".
Solistin am éischte Concert vun der Saison ass déi däitsch Sopranistin Diana Damrau, déi 1995 hiren Debut als "My Fair Lady" hat, antëschent als eminent Mozart- a Strauss-Interpretin gefeiert gëtt. Diana Damrau interpretéiert dann och eng Serie Lieder vum Richard Strauss.
Anton Webern: Langsamer Satz
Richard Strauss: "Das Rosenband" op. 36/1
Richard Strauss: "Ständchen" op.17/2
Richard Strauss: "Freundliche Vision" op.48/1
Richard Strauss: "Wiegenlied" op.41/1
Richard Strauss: "Allerseelen" op.10/8
Richard Strauss: "Zueignung" op.10/1
Igor Strawinsky: Der Feuervogel
Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg
Diana Damrau, Sopran
Gustavo Gimeno, Direktioun