Vun 1909 u schafft den Hubert Clement als Schoulmeeschter. An där Zäit engagéiert hie sech gewerkschaftlech a grënnt de Lehrerverband, deen 1917 an de Lëtzebuerger Gewerkschaftsbond integréiert gouf. Hien ass aktiv als Publizist. 1928 gouf den Hubert Clement Direkter vum Escher Tageblatt. Hie war och Editeur vun der Illustréierter Wochenzeitung A-Z. Hien engagéiert sech politesch, war vun 1935 bis 1940 a vun 1944 bis 1945 Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht. Nom Zweete Weltkrich war den Hubert Clement dräi Joer Deputéierten an der Chamber a vun 1952 un, bis zu sengem Doud den 29. September 1953, Member am Staatsrot.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 132 Joer kënnt den Hubert Clement op d'Welt
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.