Klassik aktuell
Uergelconcours Edition 2021
Et sollte 40 Kandidate ginn, mee Corona-bedéngt sinn et der nach 28, déi sech fir den Uergelconcours vun den Dënschdeg, 7. September un an der Diddelenger Kierch presentéieren. Déi grouss Finall ass de Freideg, 10. September um hallwer aacht, bei där d'Jury mam Pol Breisch an international renomméiert Organiste ganz akribesch op d'Prestatiounen vun de Finaliste wäerten oppassen.
De Manuel Ribeiro huet sech beim President vum Diddelenger Uergelfestival Jean Olinger iwwer dëse Concours informéiert.