Aktuelles
Pensiounsreform an der Belsch: Resistenz vun Oppositioun a Majoritéit
Och wann dat éischt Joer vun der Regierung de Croo an der Belsch virun allem vum Covid gepräägt gouf, hat de Koalitiounsaccord och eng Rei aner Sujeten. Wéi zum Beispill eng Reform vun de Pensiounen, déi séier néideg ass. Well den Impakt vun de Pensiounen op de federale Budget ass an de leschte fënnef Joer ëm zirka 20 Prozent geklommen. Zwou Millioune Leit si pensionéiert, dat ass zirka eng Pensioun fir zwou aktiv Persounen. Detailer iwwer d'Pensiounsreform, déi déi lescht Woch virgestallt gouf, mat eisem Korrespondent an der Belsch, de Georges Kohnen