arrow_back_ios
Aktuelles
Organtransplantatiounen a Covid-Zäiten
D'Covidpandemie huet a ville Länner zu engem staarke Réckgang vun den Organtranplantatiounen gefouert. Dat geet aus enger internationaler Studie ervir, déi d'Entwécklung vun den Transplantatiounen analyséiert huet. De Constat : weltwait wier d'Zuel zejoert deels drastesch erofgang. Zu Lëtzebuerg sinn d'Zuele par konter relativ stabel bliwwen, esou Lux-Transplant. Isabel Scott