arrow_back_ios
Aktuelles
Covid: d'Belsch plangt e Schoulufank quasi ouni Aschränkungen
Kultur, Evenementer, Sport, Caféen a Restauranten, dat ass de Menü vum Comité de Concertatioun dëse Freideg, bei deem déi belsch Regierungen eng Rei lescht Restriktioune géint d'Verbreede vum Coronavirus sollen ophiewen. Och d'Nuetsliewe kéint no annerhallwen Joer erëm ulafen. Wat d'Rentrée ufanks September betrëfft, esou soll se sech integral an de Schoulen a gréisstendeels ouni Masken ofspillen. Detailer mat eisem Korrespondent an der Belsch, de Georges Kohnen