22 Leit komme bei där uerger Katastroph ëm d'Liewen, 54 goufen zum Deel ganz schro blesséiert. Tëschent Namur a Lëtzebuerg gouf et deemools nach keng Autobunn, soudatt de ganze Verkéier iwwer déi belsch Nationale 4 gelaf ass, eng Strooss, déi duerch Maartel geet. De Chauffer vun engem Tank-Camion vun enger franséischer Firma verléiert am géie Biergof viru Maartel an enger schaarfer Lénkskéier d'Kontroll iwwer de Camion, knuppt an d'Mauer vun der Sauerbréck an explodéiert direkt.
arrow_back_ios