arrow_back_ios
Aktuelles
"Och virun der eegener Dier kieren"
Och Lëtzebuerg wier gefuerdert a Saache Klimaschutz méi ze maachen, wéi bis elo geplangt. Zousätzlech Efforten - weltwäit, mee och hei am Land - wieren déi eenzeg richteg Äntwert op deen neiste Rapport vum Weltklimarot (IPCC), deen e Méindeg virgestallt gouf. Dat sot de Paul Polfer vum Klimabündnis Lëtzebuerg de Mueren am 100,7-Interview. Hie war Invité vum Dag, an de Maurice Molitor resüméiert seng wichtegst Aussoen.