arrow_back_ios
Aktuelles
Konsequenze vum Klimawandel am Pakistan
Wéinst der Äerderwiermung kéinte verschidde Regiounen, wou haut Mënsche liewen, an Zukunft liewensgeféierlech ginn. Concernéiert kéint ënner anerem eng Regioun am Süde am Pakistan sinn, wou extreem Hëtzt an eng héich Loftfiichtegkeet bannent nëmmen e puer Stonne Mënscheliewe kënne kaschten. Wéi de Pakistan mat de Konsequenze vum Klimawandel ëmgeet, erkläert eis Korrespondentin Elodie Goulesque.