arrow_back_ios
Aktuelles
Joerhonnert-Iwwerschwemmungen an der Belsch
Schwéier Iwwerschwemmungen hunn d'Belsch tëschent dem 13. an dem 16. Juli getraff. 38 Doudeger an eng vermësste Persoun, dat ass deEn nach ëmmer provisoresche Bilan. Dräi Wochen no der Katastroph ass et Zäit fir Enquêten a Konsequenzen. Hätt den Eupener Stauséi d'Waassermasse kéinten zeréckhalen? Goufen et Noléissegkeete bei der Gestioun vun de Wiederwarnungen? Dat sinn e puer vun de Froen, déi en Untersuchungsriichter elo soll beäntwerten. Detailer mat eisem Korrespondent an der Belsch, de Georges Kohnen