Aktuelles
Konsequenze fir grouss US-Internet-Entreprisen
4 min
D'Decisioun vun der Lëtzebuerger Dateschutzkommissioun CNPD fir Amazon eng Amende vu 746 Milliounen Euro wéinst Verstéiss géint dat europäescht Dateschutzreglement RGPD ze ginn, kéint entscheedend Konsequenze fir de Geschäftsmodell vun de groussen US-Internet-Entreprisen hunn - an domat fir hir Presenz an Europa. Där Meenung ass op jiddwer Fall déi franséisch Associatioun La Quadrature du Net, déi virun iwwer dräi Joer, wéi dat europäescht Dateschutzreglement a Kraaft getrueden war, Plainte géint déi amerikanesch Internetrise gemaach hat. Hannergrënn vum Michèle Sinner