arrow_back_ios
Aktuelles
Joerhonnert-Iwwerschwemmungen an der Belsch
Schwéier Iwwerschwemmungen hunn d'Belsch tëschent dem 13. an dem 16. Juli getraff, an och dëse Weekend. 36 Doudeger, dat ass deen nach ëmmer provisoresche Bilan. D'Situatioun ass speziell dramatesch zu Namur, an och an de klenge Stied Eupen, Verviers a Pepinster ëstlech vu Léck, wou de Floss Weser massiv iwwergelaf ass an Dausenden Haiser iwwerschwemmt huet. Detailer mat eisem Korrespondent an der Belsch, de Georges Kohnen