arrow_back_ios
Aktuelles
D'Verankerung vun der Marine Le Pen an der franséischer Politik
A Frankräich stinn d'nächst Joer d'Presidentschaftswalen un. Vu September u wielen dowéinst d'Parteien an de sougenannte Primären hir Kandidatin oder hire Kandidat - ausser de rietsextreeme Rassemblement national. Deem seng Kandidatin steet nämlech zanter Laangem fest. D'Marine Le Pen wäert fir d'drëtte Kéier untrieden.
Eise Paräis Korrespondent Léonardo Kahn huet sech mam Historiker Jean-Yves Camus iwwer d'Verankerung vun der Famill Le Pen an der franséischer Politik ënnerhalen.