Den 25. Juli 2000 verongléckt zu Paräis eng Concorde vun der Air France. Ausléiser war ee Stéck Blech, dat virum Start vum Flughafen Paräis Charles de Gaulle ee Fliger vun der Continental Airlines verluer hat. D'Concorde erwëscht op der Startbunn dat Stéck. Ee Pneu platzt, Gummisstécker schloe mat voller Wucht widder een Tank, dee bascht. De Kerosin entzünt sech, wouduerch zwee vun de véier Reakteren ausfalen. Kuerz nom Start fält d'Concorde bei Gonesse op een Hotel. 109 Mënschen u Bord a véier Persounen um Buedem verléieren hiert Liewen. D'Ongléck vun der Concorde sollt Méint méi spéit dann och den definitiven Out fir den Iwwerschalljet bedeiten. British Airways an Air France stellen hir Maschinnen ausser Déngscht.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 21 Joer verongléckt zu Paräis eng Concorde
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.