VaLibrairie
VaLibrairie
De "Bluttsëffer" an den "Ouereschlëffer" , déi zweedeeleg Familjesaga (Imprimerie Centrale) vum Jemp Schuster, an e Gespréich mam Auteur, ass wuel den Haaptplat vun der éischter Editioun vun dëser Literatursendung. Dem Yorick Schmit seng Erzielung "Weeër a Spueren" (KremArt) gëtt och op de Proufsteen geluecht, a mir kucken, wat et soss nach vun neie Bicher um Lëtzebuerger Maart gëtt. Fir international an national Nouvelle ronderëm d'Buch gëtt sech och interesséiert, a mir stelle beandrockend Literatur aus der Vergaangenheet vir. D'Valerija Berdi huet haut d'Ekipp aus der Kulturredaktioun an de Studio invitéiert fir d'Welt vum Buch ze diskutéieren an ze kommentéieren.